Centre Barbelé - Strassen / Luxembourg

TREFFPUNKT

ADHS a.s.b.l.

Publications

Opene Bréif zum Thema ADHS -Teenager (Oktober 2016) 


Aus eise Kanner, fir déi mer eis agesat haten virun 10 Joer (Green Paper, 2006) sinn elo jonk Erwuessener ginn, an déi Servicer fir déi mer gekämpft hunn während deenen 10 Joer hunn sech och am grousse Ganzen däitlech verbessert vir dës Altersgrupp. D’Memberen vun ADHD - Europe stellen elo awer fest, datt et vill Problemer gëtt bei deenen jonken Erwuessenen, zemools den 17- bis 18-Järegen, déi am Kanner- an Jugendalter vun Servicer profitéiert hunn, déi elo net méi fir si disponibel sinn. Dëst ass ëmsou méi schlëmm, well grad an deem Alter nach vill Jonker net mat hirer schoulescher an berufflecher Ausbildung fäerdeg sinn. 


D’Studie beweisen, datt et eng Kontinuitéit vu Symptomer gëtt an nei Komorbiditéiten am Erwuessenenalter optriede kënnen; et ass weltwäit unerkannt dass ADHS bei méi wie 75% vun den Kanner/Jugendlechen sech och an den Erwuessenenalter fortsetzt, woubäi d’Ausprägung direkt vun der Präsenz an Stäerkt vun de Komorbiditéiten ofhänkt. 


Awer déi meescht vun de Jugendlecher mat AD(H)S-Symptomer ginn an Erwuessenenservicer geschéckt, wou se awer keng adequat Behandlungen vir si hunn. Als Konsequenz hunn der vill vun deene Jugendlechen de Risiko vum Schoulofbroch, der Entwécklung vu Suchtproblematik an/oder riskant oder delinquent Verhalen. An deene meeschte Fäll ass d’Erklärung heizou dass d’Psychiateren an d’Psychologen, deenen si an den Erwuessenen Kliniken oder Servicer begéinen, keng adequat ADHS Trainings-a Behandlungsméiglechkeeten hunn an och d’Besoine vun deene jonke Leit (18+), déi anescht sinn, wat Diagnose an d'Behandlung ugeet, wéi bei Kanner a Jugendlechen, net verstinn. 


Vu datt ADHS oft mat enger oder méi psychiatreschen Stéierungen verbonnen ass, gi vill jonk Erwuessener behandelt op eng psychesch Stéierung an net op ADHS, dëst zemools wann si net als Jugendlechen ADHS als Diagnos kruten oder bis dohin net op ADHS behandelt goufen. Dat heescht vill jonk Erwuessener kréien net déi richteg Diagnose, oft mat schlëmme Folgen. 


Zugläich ass d’ADHS Medikatioun, déi si bréichten, net méi disponibel oder falls nach disponibel, gëtt se net méi rembourséiert, wat fir d’Elteren eng schwiereg finanziell Situatioun duerstellt. Oft si méi Kanner betraff vun ADHS an derselwechter Famill an d’Elteren hunn net déi néideg Moyene fir den Traitement ze finanzéieren. Wat derbäi kennt, ass datt psycho-sozial Interventiounen (ADHS Coach, Verhalenstherapie, etc) net a staatleche Servicer zur Verfügung stinn, wat ganz schwéier an och deier ass fir privat ze iwwerhuelen. 


Dofir stelle mir als Memberen vun ADHD - Europe folgend Revendicatiounen: 

  • ADHS - Zentren fir Erwuessener sollten ADHS - Transitiounsservicer ubidden fir jonk Erwuessener, wou si kennen déi Hëllef an multimodal Therapien kréien, déi fir si als Kand an als Jugendlechen schonn disponibel waren. Et sollen och adequat Therapieformen geschafft ginn fir déi jonk Erwuessen, déi eréischt just d’Diagnos ADHS kruten.
  • Déi Servicer, déi fir aner psychesch Stéierungen do sinn, sollten och méi spezifesch fir jonk Erwuessener (18+) mat ADHS zur Verfügung stoen.
  • D’Psychiateren an d’ Neurologen sollten sech an d’Symptomer vun ADHS bei jonken Erwuessenen an an déi spezifesch Besoine vun jonken Leit mat ADHS aschaffen, awer och mat den Komorbiditéiten auserneen setzen, déi bei der Alterskategorie kënnen nei optrieden.
  • ADHS Medikatioun misst zur Verfügung stoen vir jonk Erwuessener mat ADHS a vun de Krankekeesen rembourséiert ginn zu Lëtzebuerg an a ganz Europa, onofhängeg dovun, ob d’ Diagnos scho vrum 18. Liewensjoer gestallt gouf oder net.
  • Psychosozial Behandlungen, déi vun de jonken Erwuessenen mat ADHS gebraucht ginn, missten ëffentlech duerch ganz Europa zur Verfügung stoen.
  • Schoulesch Upassungen an Interventiounen, déi jonk ADHSler Hëllef bidden, sollten obligatoresch sinn fir all schoulesch Institutiounen op Weiderbildungsniveau an och op Universitéitssniveau a ganz Europa.


Dr Robert Thill-Heusbourg 

President vum Treffpunkt ADHS 

www.treffadhs.lu